Wat ass "Digitalt Wanderen"?

Digitalt Wanderen ass komplizéiert dat ass eng vun den Remarquen déi mir ëfters gemaach kréien.
Am Fong ass et ganz einfach mais et muss een et erklärt kréien.
 
Digitalt Wanderen fonktionnéiert an zwou Richtungen entweder et geht een en opgezeechnend Parcours oof oder et zeechend een en op.
Wärend dem digitalen Wanderen huelen App'en oder déi digital GPX Geräter Daten op.
Des Daten och GPX-Daten genannt, ginn Informatiounen wou een sech weini befonnt huet.
GPX ass een Datenformat wou GPS-Daten an engem Format gespäichert ginn fir dass een se weider ka ginn zum Beispill als Email oder Daten an eng App iwwerspillt fir een visuelt Bild vun senger Wanderung ze kreien
GPX-Daten hunn den Virdeel dass sie liicht liesbar sinn.
Niewend dem GPX get et awer och nach aner Formater wei GML oder KML déi ähnlech fonktionnéieren