Matmaachen kann jiddereeën als Famill oder alleng.
Mir ginn oft gefrot wei kann ech matmaachen?
Mir proposéieren Iech sech einfach bei eis ze mëllen via den Kontaktformular an mir erklären kuerz den Oflaaf.
Eng aner Method ass dass Dir einfach op eng Gefouert Marche kommt an mir huelen eis Zäit fir Iech alles ze erklären.
Fro 2
Muss ech an een Veräin goen?
Veräiner sinn den Rëckgrat vun der IVV. Et sinn sie déi bal all Sonnden Marchen organiséieren ouni Veräiner ginn et keng Marchen.
Individuallizenzen kann een bei der FLMP ufroen.
Fro 3
Ech sinn elo Member an engem Club muss ech elo all Sonnden wanderen goen?
Nee, een vun den IVV-Gedanken ass dass et keen Zwang get, jiddereeën wandert esou vill hien wëllt an seng physesch Form et zou léisst.
Fro 4
Gett et eng minimal an maximal Distanz?
Minimal IVV-Distanz ass 5km eng maximal Distanz gett et net
Fro 5
Meng Konditioun ass net gudd an elo?
Vill Leit wëssen net wou se mat hierer Konditioun stinn.
Mir recommandéieren den Léit den "Liichte Wee" mat 2,23km zu Téiteng bei der Schungfabrik ofzetrëppelen fir ze gesinn wou se drun sinn.
Aktivitéiten déi ugebuedden ginn sinn:
- IVV Marchen déi bal all Sonnden vun den
Veräiner quesch duerch Land organiséiert ginn.
(Divers Distanzen zwëschen 5km an 60km)
- Gefouert Marchen déi vun den Veräiner
organiséiert ginn.(Distanzen hänkt vun den
Guiden of)
- PW'en sinn permanent Wanderweeër déi vun den
Veräiner ugebuedden ginn déi een all Daag
erwanderen kann.
- Cup'en sinn eng Usammlung vun verschiedenen
Weeër déi een als Ganzt muss erwanderen.
Beispiller: Kayldall Cup, AP-Cup, CFL-Cup....
- IVV-Reesen an Ausland vun engem Dag oder
mei Deeg bei auslännesch Veräiner op hier
Marche, hier PW'en oder Wanderwochen.
Amicale des Marcheurs vun Kayl huet déi ganz Offer fir Iech mat hieren zwou groussen Marchen (Abrëll an November) am Joer, mat hieren gefouerten Marchen all Mount, hierem PW 025, hierem Kayldall Cup an sengen IVV Reesen.
Mais dat ass net alles, mir hunn och nach vill interressant aner Aktivitéiten am Kalenner