Clubee App liicht an einfach erklärt

Mir goufen an läschter Zäit oft gefrot wéi dat mat eiser App vun der AMK och nach Clubee App genannt fonktionnéiert.
Ufänken mussen mir mam eroflueden vun der App entweder am Play Store ënnert Android oder am Apple Store fir den Iphone.
2307926cb3bc37e8e26ef7c92b8621be6add4c_.jpeg
Nodeems Dir se erofgelueden huet, schëckt Dir eis äer Email zou wou mir Iech den Aktivéierungslenk hinschëcken.
Vill vun eisen Memberen hunn desen schons geschëckt kritt gehaat an aktivéiert déi eng Email uginn hunn.
Eis nächst Newsletter fir Memberen verschëcken mir Ufanks Oktober och iwwert dësen System
 
Ee puer Erklärungen zur App
Dir huet ee puer Funktiounen an eiser App
- All neien Artikelen kritt dir an der App ugewiesen.
- Dir kënnt Iech iwwert App fir Manifestatiounen
  umëllen oder ofmëllen.
23079242a4e33fcfe0903299cfb80e3f615de6_.jpeg
Ënnert dem Symbol Auer kritt Dir den Kalenner ugewiesen wou Dir Iech ugemëllt huet.
230792628b11f4818751287ec15d6ee5965de2_.jpeg
Ënnert dem Symbol Badge kritt Dir demnächst Infoen iwwert äer Lizenznummer etc.
Kategorie Medico ass bei eis ëmmer eidel.
23079268aa7ccddfb0fd0aecb7c299a84a094d_.jpeg
Kategorie Geld
Ënnert der Rubrique Rechnung kritt Dir ugewiesen op Dir zum Beispill eng Memberskaart oder een T-Shirt ze bezuehlen huet.
Ënnert der Rubrique Abonnementer fannt Dir Reduktioun fir Restauranten oder aner Membervirdeeler
2307921f4eab9d8be5c4361e7eab6bd2e227cc_.jpeg
An der Kategorie Astellungen kenn Dir Sproch änneren, Emailadress änneren, Passwuert änneren oder äer nei Adress eis iwwermëttelen.
 
Fir weider Froen stinn mir gäeren zur Verfügung ënnert:
amk@amkayl.lu