Youth Trail 2022

Youth Trail 2022

Den 30ten Abrëll hunn mir eisen éischten Youth Trail gestart.
Eis Grondidee war et der Jugend Natur an Wanderen méi no ze brëngen ouni awer hieren Lieblingszäitverdréiw den Smartphone ze vernoléissegen.
Op engem flotten Parcours iwwert 10km hunn mir den Passé vun eiser Regioun mat der moderner Technik kombinéiert.
 
8 Aufgaben goufen den Jugendlechen gestallt déi gaangen sinn vun YouTube Video dréien, QR-Code richteg ausliesen, Froen beäntwerten,Sherlock Holmes spillen, Filteren benotzen, Fotoen maachen, sozial Medien benotzen wéi Facebook,Instagram an Kartenprogrammer wéi Geoportail bzw. Wikiloc richteg benotzen.
Mir gratuléiren dem Scoutsgrupp vun den Éilerenger Feldmais fir hieren Exploit an fir Unhuelen vun der Challenge