Sonnenopgaangswanderung 2023

Sonnenopgaangswanderung 2023

Eisen Start an den FLMP-Wandersummer hunn mir den Mueren um 5h00 mat eiser Sonnenopgangswanderung gemaach. Een oder den aneren vun den Wanderer war vielläicht ee bessi midd op enger Säit. Mais nodems mir déi éischt Montée gepackt hatten war een waakereg.Wat mir méi héich geklommen sinn wat Stëmmung besser ginn ass.
Ukomm op enger Héicht vun 406,5m iwwert dem Mieresspigel waren mir op dem Optimalen Punkt ukomm fir den Sonnenopgang iwwert dem Kayldall ze gesinn.
Dëst Joer waren Konditiounen alleguer do fir een perfekten Sonnenopgang ze gesinn an mir hunn et allen 37 Stëck genoss wéi Sonn den Dag agelaut huet obwuehl mir wärend dem Bewonneren vum Sonnenopgang hannert eis sech déi éischt Reenschaueren mat engem Reebou ugekënnegt huet.
Nom Retour duerch Kouwies,Léiffrächen an "Dëcken Bam" hunn mir den Mueren op der Gare zu Téiteng ausklëngen geloss.
Een dëcken Merci un den Staff vun der Amicale des marcheurs Kayl deen iergendwéi gehollef huet