Reklamen op eisem Internetsite

Reklamen op eisem Internetsite

An der läschter Zäit kruten mir dachs Froen iwwert Reklamen an eisen Emailen, Norichten an der Clubee App oder op der Internetsäit www.amkayl.lu gestallt kritt.
Och eis Keess, wéi déi vun villen Veräiner huet duerch Corona Perten astiechen missten déi net duerch Subsiden vum Sportsministär ze egaliséiren sinn.
Also sinn mir engem Sponsorennetzwierk bäigetruedden. Momentan hu mir 4 Sponsoren déi regelméisseg  optriedden.
Deen interressansten Sponsoring ass deen vun :
2307924d5e4dc7a022f6b5df891d0aeef58c78_.jpeg
Dir gidd an een vun hieren 6 Restauranten(Hitch, Schräinerei, Fabrik, Bistro Lënster, Parc Le'h, Bowls, Brauhaus, Meet Point, Kin Khao, Siegfried oder Barrels.) iessen an dank der Clubee App, wou Dir als Amicale des Marcheurs Member een Aktivéierungslink gescheckt kritt huet, kritt Dir 5% op der Rechnung ausgedoen an mir kréien och nach eng Kéier 5% an eis Keess.
Bei denen aneren Sponsoren kreien mir Euroen wann dir iwwert den Link op eisem Internetsite, Info an der App oder der Reklam am Artikel op hieren Internetsite gidd, dëst sinn:
230792f3d86c4af0ba1dcc838cc8c03d559d12_.jpeg
2307921f641f0064aec68c4752601c6bba3095_.jpeg
230792762935c771aecd8ce652268afcf02a70_.jpeg
 
Mir sinn awer och oppen fir all aner Sponsoringsoffer. Schréiwt eis op amk@amkayl.lu