Minett Trail Part 7

Minett Trail Part 7

Den Fréiden den Owend (12/08/22) hunn sech ee puer Wanderer op den Wee gemaach fir den Minett Trail Part 7 an Ugrëff ze huelen.
Voll motivéiert hunn mir den Trail an Ugrëff geholl an aus engem Minett Trail gouf eng Oweswanderung aus der Oweswanderung gouf eng Sonnenënnergangswanderung an aus dëser gouf eng Nuetswanderung.
Mir hunn awer och festgehaalen dass dësen Trail sech wonnerbar eegent fir een Terrassentrail
Dësen Trail get vill Mêiglechleeten mam Fond de Gras 1x eng Terrass , Lasauvage 3× eng Terrass an Déifferdeng mat genuch Caféen an dem Diff Beach. Wann mir iwwerall een drënken gaangen wären, wou mir hätten kéinnten dann wär nach eng Sonnenopgangswanderung dobäi komm
Merci der ganzer Ekipp déi dobäi war