Generalversammlung 2023

Generalversammlung 2023

An engem gudd gefëllten Sall an der Téitenger Schungfabrik war den Mëttwoch den Owend 22/03/2023 eis Generalversammlung. An Präsenz vun Memberen vum Schäfferot vun Schëffleng an der Persoun vum Här Kalmes Albert , den Schäffen vun der Stadt Rëmeleng den Här Edmond Peiffer, den Schäffen vun der Gemeng Kayl den Här Romain Becker  , den Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun dem Här Georges Kintziger  , Vertrieder vum Scoutsgrupp Feldmais an der Persoun vun Lucien de Jager, Hoffmann Patricia an Laura Fritsch  sou wéi Vertrieder vum Syndicat d‘Initiative Kayl-Tétange un der Spëtzt hir Präsidentin Doris Wadle,Vetrieder vum Nopeschwanderveräin den Gehansbiergknappen 75 Butschebuerg asbl mat hierer Präsidentin Klein Chantal  huet den  Präsident Leo Gryseleyn Memberen an Eierengäscht begréisst. An senger Begréissung huet den Präsident Leo Gryseleyn erklärt firwat hien seng Präsidentenpensioun no 43 Joer Aktivitéit am Wandersport hëllt.Am Aktivitéitsbericht huet Sekretärin Andrée Schimanski een Rëckblëck gemaach op Joer 2022. Keesière Peggy de Jager-Anen huet sengersäits am Keessenbericht op déi stabel  finanziell Situatioun hin gewiesen. Per Akklamatioun goufen Berichter vun der Generalversammlung ugholl.An den Walen fir an den Comité opgeholl ze ginn goufen per Akklamatioun folgend Memberen gewielt:
- Monika Baranová
- Sandy Hansen 
- Marcel Gilson 
an Fiorentino Francesco
An engem nächsten Schrëtt huet den Leo Gryseleyn Generalversammlung gefrot fir den Paul de Jager als säin Nofollger unzehuelen per Akklamatioun.
 
Als Keessenrevisoren goufen Anita Wulms an den Braquet Hubert confirméiert an den Claude Migliosi souwéi Alice Schwartz ugeholl.
No enger klenger Ried an een Ausblëck vum neien Präsident op Joer 2023 krutten verschieden Memberen Merci gesot fir hir getrëppelt Km an Participatiounen un den verschiedenen Wanderungen an Hëllef op den Manifestatiounen wärend dëser Zeremonie gouf den Leon Gryseleyn zum Éierenpräsident vun der Amicale des marcheurs Kayl ernannt.
Am sëlwechten Kader krutt den Här Robert Stocklausen eng kleng Éierung fir 1000km Kayldall Cup obwuehl hien schons am Gang ass 1200km-Hürd ze knacken.
Och Feldmais krutten nach eng Kéier Merci gesot fir hier Hëllef bei der Sammlung fir "Stëmm vun der Strooss"
An den uschléissenden Rieden vun den Eierengäscht ass geschwaat ginn vun den 2 PW'en déi zu Schëffleng opginn souwei deen vun Rëmeleng. "Iwwert den Tellerrand kucken" an mei draus machen waren och Themaen wéi Leeschtungen an Mériten vum Veräin an och vum Éierepräsident goufen öfters ernimmt.
Bei Schnittecher an engem Patt gozf den Owend ausklëngen geloss.