Eng aal Traditioun an neiem Gewand

Eng aal Traditioun an neiem Gewand

Lues an lues gesinn mir den Ënn vum Coronatunnel an domat greifen mir déi aal Traditioun vun eisen Mëttwochswanderungen eemol am Mount ërem op.
Nei ass awer dass et keng gefouert Wanderung am traditionnelen Sënn ass, mais den Leo an Peggy trëppelen mat Iech all Mount een vun den 11 Weeër vum Kayldall Cup.
Nodems Dir all Weeër matgetrëppelt sidd, kritt Dir no eiser Validatioun géint Bezuehlen vun 15€ op den FLMP Konto äer Participatiounsstempelen, Kilometerstempelen,een Diplom an een Opnäher(je no Fall) als Belounung.
Äeren Virdeel bei all Tour sinn eis Guiden dobäi an dir sidd net alleng.

Rendez-vous'en fir dëst Joer sinn:
13ten Oktober 2021     9h00 Tour 1&2
17ten November 2021 9h00 Tour 3
08ten Dezember 2021 9h00 Tour 4
Depart: Fitnessparcours gebrannten Bësch Rëmeleng