15ten Mee Blumemoart zu Kayl

15ten Mee Blumemoart zu Kayl

No zwee Joer Paus war den 15ten Mee ërem eng Kéier den Blumemoart.Och AMK war dobäi mat hieren zwee neien Zelter an hieren neien Eisekuckseisen. Eisekucken mussen mat denen neien Eisenkuchseisen besonnech gudd geschmaacht hunn well ab 16h30 waren mir ausverkaaf.
Den Daag war an ee puer Hinsichten fir AMK ganz positiv, well mir hunn déi läscht Deeg esou vill nei Memberen opgeholl dass mir een Plus vun 40% un neien Memberen hunn 
par Rapport zum läschten Joer.
AMK seet  allen aktiven Memberen Merci déi geschafft hunn wéi och all denen Léit déi eis besicht hunn op dat fir Eng Kippchen,Kaffi, Eisekuch oder fir gefouert Wanderung war.
Merci un den Halsdorf Sylvain fir divers Fotoen
https://www.amkayl.lu/media/gallery/photos/galleryID/7801