Opruff un eis Memberen
Säit Juni ass eisen neien Internetsystem en place.Eisen "neien"System huet divers Fonktionalitéiten wou iech villes erliichtert get.
Nei sinn:
- Dir kritt eng Invitatioun a kënnt Iech direkt
iwwert Email of- oder umëllen.
- Den neien System erlaabt Iech zum Beispill
är Memberskaart iwwert Internet ze
bezuehlen.
- Um Internetsite sinn och Explikatiounen
wéi dat mam digitalen Opzeechnen
fonktionnêiert.
- Eisen Kalenner kann Iech un
Manifestatiounen erënneren.
Doniewt hunn mir awer och eis Clubee-App
> Clubee App eroflueden
> Amicale des Marcheurs Kayl aginn
a schons profitéiert Dir vun Reduktiounen an diversen Restauranten an bléiwt och um Courant betrëffend déi läscht Informatiounen
Dofir léiw Memberen schëckt eis är Emailadress op amk@amkayl.lu fir dass mir Iech esou seier wéi méiglech ären Code zouschëcken kennen.