

Nei Kategorie "DigItalt Wanderen"
Mir hunn eng nei Kategorie
"Digital Wanderen" bäigesat fir Unfänger an net esou geübten Wanderer ze hëllefen mat denen modernen techneschen Mëttelen eens ze ginn.
Keng Aangscht bei Froen einfach eng Email schréiwen.
Link News
Ennert eisem Link News fann Dir AMK intern Norichten wei och aktuell Norichten an den Kalenner vun der FLMP


Reklamen op eisem Internetsite
An der läschter Zäit kruten mir dachs Froen iwwert Reklamen an eisen Emailen, Norichten an der Clubee App oder op der Internetsäit www.amkayl.lu gestallt.
Och eis Keess, wéi déi vun villen Veräiner huet duerch Corona Perten astiechen missten déi net duerch Subsiden vum Sportsministär ze egaliséiren sinn.
Also sinn mir engem Sponsorennetzwierk bäigetruedden. Momentan hu mir 3 Sponsoren déi regelméisseg optriedden.
Bei denen aneren Sponsoren kreien mir Euroen wann dir iwwert den Link op eisem Internetsite, Info an der App oder der Reklam am Artikel op hieren Internetsite gidd.
Mir sinn awer och oppen fir all aner Sponsoringsoffer. Schréiwt eis op amk@amkayl.lu
Mir sinn awer och oppen fir all aner Sponsoringsoffer. Schréiwt eis op amk@amkayl.lu